Aktioun Solidaritéit
Kanton Réiden


Bong kaafenBetriber déi matmaachen

Den Ëmsaz fir déi riiseg Onlineplattformen wäert dëst Joer nach méi gigantesch ausfalen. D‘Angscht virum Virus spillt dem Ganze sécherlech an d’Kaarten. Mee wien bezillt de Präis? T‘sinn eis regional Betriber déi ënnert deem Boom leiden, an esou och d’Aarbechtsplazen. Betraff ass d’Zukunft vun eise Kollegen, Frënn a Noperen. Wéi kënne mir deemno aus dem Boom e Notze zéien ouni engem ze schueden? Duerch Solidaritéit!

Une période sans précédent s’annonce pour les géants des plateformes de vente en ligne. La peur du virus y joue avec certitude un rôle important. Mais à quel prix ? Les perdants sont nos petits commerces, ainsi que les emplois qui y sont liés, donc l’avenir de nos collègues, nos amis, nos voisins. Comment profiter alors de la vente en sans leur nuire ? Par la solidarité !

Schenkt solidaresch Kaddosbongen « shop local »

De Syndicat Intercommunal “De Réidener Kanton” lancéiert zesumme mat senge Partner gringgo s.c (www.gringgo.lu) an De Kär a.s.b.l (www.beki.lu) d‘gemeinsam Plattform www.shoplocal.lu. Hei hudd Dir nitt nëmmen den Iwwerbléck vum regionale Commerce mee och d’Méiglechkeet Online Kaddosbonge „shop local“ ze kafen, mam gewënschte Betrag a Form vu Bekischäiner, schéi festlech verpaakt. Eist Regiogeld – e Synonym fir Solidaritéit – gëtt a ville Geschäfter ugeholl. Se bënnt d‘Kafkraaft un d’Regioun Réidener Kanton a fërdert déi regional Wirtschaftskreesleef. D’Lëscht vun de Betriber, déi de Beki akzeptéieren, gëtt reegelméisseg aktualiséiert.

Le Syndicat Intercommunal « De Réidener Kanton », ensemble avec ses partenaires gringgo s.c (www.gringgo.lu) et de Kär a.s.b.l (www.beki.lu) lancent la plateforme commune www.shoplocal.lu, qui permet d’acquérir en ligne des « bons cadeaux shop local », joliment présentés dans un emballage festif, contenant la somme de votre choix sous forme de billets « Beki ». Notre argent régional – un synonyme pour la solidarité, est accepté dans une multitude de commerces. Il lie le pouvoir d’achat et promeut le circuit économique régional. La liste de nos commerces participants est constamment mise à jour.